Babar – Erzielkonzert mat Schiettheater for
FREE

Centre Culturel Opderschmelz, Rue du Centenaire, Dudelange, Luxembourg Posted on 05 December 2022 by Team
Start time:
07 December 2022 03:00 pm CET
End time:
07 December 2022 04:00 pm CET
Venue:
Centre Culturel Opderschmelz, Rue du Centenaire, Dudelange, Luxembourg
Organiser:
https://opderschmelz.lu/en/agenda/1773_1610
Participants:
None
Entry:
FREE

Description

BABAR is the story of a little elephant. A storytelling concert with shadow theatre, for children aged 4 to 8 and all other people who want to be enchanted (in Luxembourgish)

Musek Francis Poulenc: L’Histoire de Babar, le petit éléphant an Auszich vun de Villageoises pour piano 1933 (Valse tirolienne, Stakkato, Coda).

Text - Jean de Brunhoff

Lynn Orazi - Piano

Christophe Morisset - Performance, Konzeptioun,
Bühnebild, Schieter

Dan Tanson - Erzieler, Konzeptioun, Erzielung,
Schieter,

Realisatioun Traffik Theater Luxembourg

Produktioun Philharmonie Luxembourg, Chantier
Mobile a.s.b.l.

Koproduktion Kulturhaus Niederanven, CC Opderschmelz,
GC De Kroon Brussel

Merci: Cie du Cuivre, Théâtre du tilleul,
Michel Boulanger, GC de Kriekelaar, GC Essegem.

Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle/SCRIPT

BABAR ass d’Geschicht vun engem klengen Elefant. En
Erzielconcert mat Schiettheater, fir Kanner vu 4 bis 8 Joer an all déi, déi
sech verzaubere loossen. Mat der Musek vum Francis Poulenc op engem Text vum
Jean de Brunhoff.

Schonn am Februar 2013 huet den TRAFFIK THEATER
Lëtzebuerg den Erzielconcert „D’Geschicht vum BABAR, de klengen
Elefant“ produzéiert. D’Geschicht erzielt d’Abenteuer vun engem klengen
Elefant Babar, deen an di grouss Stad leeft, nodeems seng Mamm vun der
Jeeër erschoss gouf. Hei begéint hien enger Fra, déi all seng Wënsch vun de
Lëpsen ofliest. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill
Frënn. Ma hie verlaangert awer souvill dass et net laang dauert, an hien
zeréck bei d’Elefante wëll.

Den Ausgangspunkt vum Projet ass di eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1945
geschriwwen huet. Eng Musek déi Biller entstoe léisst an an der vill Poesie
stécht. D’Verzauberung an d’Kraaft vum Schiettheater huet dem TRAFFIK THEATER
hei ideal geschéngt fir di delikat Musekswelt a Biller ëmzesetzen. Esou huet d’Cie dem Babar seng Abenteuer, déi 1931 vum Jean de Brunhoff opgeschriwwe goufen an d’Ästhetik vum „Art Deko’“gesat, fir esou d’Geschicht am Charme vu engem ‘Entre Deux Guerres’ ootmen ze loossen.

Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun, begeeschtert de
Babar nach ëmmer Kleng a Grouss mat senger Poesie an der Kraaft vun
der Musek.

For tickets:opderschmelz.lu/en/agenda/1773_1610 

Location: Centre Culturel Opderschmelz, Rue du Centenaire, Dudelange, Luxembourg
Loading...

I am your contact

user

Team

user

Chat

Meet People